4. Etapp vum Tour Down UnderDe Britt Ethan Vernon setzt sech am Sprint duerch

Tom Nols
Déi virlescht Etapp vum Tour duerch Australien hat wéinst héijen Temperaturen an der Gefor vu Bëschbränn musse verkierzt ginn. 10 Coureuren hu mussen opginn, dorënner de Kevin Geniets.
Am Sprint war kee Kraut gewuess géint den Ethan Vernon
Am Sprint war kee Kraut gewuess géint den Ethan Vernon
© BRENTON EDWARDS/AFP

De brittesche Sprinter Ethan Vernon huet déi verkierzte véierten Etapp vun der Tour Down Under gewonnen. De Profi vun NSN konnt sech zu Willunga géint den Dän Tobias Lund Andresen an de Lokalmatador Laurence Pithie duerchsetzen. Wéinst erhéichter Gefor vu Bëschbränn hat de Parcours vun 176 op 131 Kilometer musse gekierzt ginn.

Kuckt hei de Sprint:

Leader am Klassement bleift den Jay Vine, dee virun der leschter Etapp eng Avance vun enger Minutt an dräi Sekonnen huet op de Schwäizer Mauro Schmid.

Kee gudden Dag fir de Kevin Geniets

De Luc Wirtgen ass als 70. iwwer d’Arrivée gefuer an hat e Retard vu 57 Sekonnen op de Vainqueur vum Dag. Am General steet hien op der 117. Plaz mat engem Réckstansd vun 18 Minutten a 26 Sekonnen. De Kevin Geniets huet mussen opginn.

Klassement vun der 4. Etapp:

1. Ethan Vernon (GBR/IPT)

2. Tobias Andresen (DEN/DAT)

3. Laurence Pithie (NZL/RBH)

4. Brady Gilmore (AUS/IPT)

5. Aaron Gate (NZL/AST)
...
70. Luc Wirtgen (LUX/TUD) op 57 Sekonnen

Generalklassement:

1. Jay Vine (AUS/UAD)

2. Mauro Schmid (SUI/JAY) op 1:03.

3. Harry Sweeny (AUS/EFE) op 1:12.

4. Marco Brenner (GER/TUD) op 1:14.

5. Andreas Kron (DEN/UXT) op 1:16.
...
117. Luc Wirtgen (LUX/TUD) op 18:26.

Back to Top
CIM LOGO