Den Thomas De Gendt setzt sech op der 8. Etapp vu Mâcon op Saint-Etienne en solitaire duerch. De Belsch war an der Echappée vum Dag vertrueden an hat sech um Fouss vun der leschter Kopp vum Dag, eng 14 Kilometer virum Enn, eleng un d’Spëtzt gesat. Hien hat op der Arrivée e Virsprong vu 6 Sekonne op de Julian Alaphilippe an den Thibaut Pinot. De Peloton mat de Favoritten hat e Retard vu 26 Sekonnen.
Den Alaphilippe iwwerhëlt am General nees d’Féierung. Hien huet e Virsprong vu 6 Sekonnen op den Giulio Ciccone.
E Schreckmoment gouf et fir de Gewënner vun zejoert Geraint Thomas. D’Ekipp vun Ineos war ronn 15 Kilometer virum Zil an eng Chute verwéckelt ginn, bei där et de Kwiatkowski an den Thomas erwëscht huet. De Birit konnt awer séier nees bei de Peloton bäifueren.
Op der 8. Etapp vun der Tour de France ass et iwwer 200 Kilometer vu Mâcon op Saint-Etienne gaangen. Fir d’Coureure stoungen 8 schwéier Koppen um Programm. Den Tejay van Garderen ass net un den Depart gaangen, nodeems de Coureur vun EF Education First op der 7. Etapp an eng Chute verwéckelt war a sech d’Hand gebrach huet.
Direkt nom Depart huet den De Gendt attackéiert. De Ben King an den Niki Terpstra hu sech do drugehaangen, sou dass e Grupp vun 3 Coureuren un der Spëtzt gefuer ass. Méi spéit huet sech den De Marchi aus dem Peloton op de Wee gemaach an et no ronn 22 Kilometer bei de Spëtzegrupp gepackt.
Um Wee fir op de Croix de Part huet sech de Spëtzegrupp dann opgedeelt. Den De Gendt an den De Marchi hunn de King an den Terpstra hannert sech gelooss a sinn zu zwee weidergefuer. Eng Schrecksekonn ass et ronn 56 Kilometer virum Zil ginn, wéi den De Gendt eng Kéier net gutt geholl huet a bal an eng Mauer gerannt ass. No kuerzer Zäit hu sech béid Coureuren awer un der Spëtzt erëmfonnt.
De Peloton huet den Tempo awer ëmmer méi erhéicht, sou dass de Virspong ëmmer méi kleng ginn ass. Bei enger Descente ronn 15 Kilometer virum Zil ass dann d’Ekipp vun Ineos an eng Chute verwéckelt ginn. De Kwiatkowski an den Thomas huet et hei erwëscht. Béid Coureure konnten doropshin awer weiderfueren a kuerz drop nees an de Peloton bäifueren.
Un der Spëtzt huet sech dann den Thomas De Gendt eleng ofgesat. Op d’Juegd huet sech de Julian Alaphilippe mam Thibaut Pinot gemaach, déi et awer net gepackt hunn de Coureur vu Lotto Soudal anzehuelen. Domat wënnt den Thomas de Gendt d’Etapp zu Saint-Etienne mat engem knappe Virsprong vu 6 Sekonne virum Verfolgergrupp Alaphilippe an Thibaut a 26 Sekonnen virum Peloton mat de Favoritte. De Julian Alaphilippe fiert vun e Sonndeg un also nees am Giele Maillot. Hien huet e Virsprong vun 23 Sekonnen op den Giulio Ciccone.

