
An der Course en Ligne ass d’FSCL-Delegatioun bei de Junioren esouwéi bei den Espoire jee mat sechs a bei der Hären-Elite mat véier Coureuren um Depart. Bei de Juniorinne geet mat der Nina Berton eng Sportlerin an d’Course a bei den Espoiren ewéi och bei der Dammen-Elite gëtt d’FSCL-Delegatioun duerch jee zwou Cyclistinne vertrueden.
Am Contre la montre bei den Häre geet mam Tom Wirtgen nëmmen ee Fuerer op de Circuit ronderëm Alkmaar - bei den Espoiren a Juniore sinn zwee Coureuren um Depart. Bei der Dammen-Elite geet keng Lëtzebuergerin an d’Zäitfueren, hei gëtt sech op d’Stroossecourse konzentréiert. Nëmme bei de Juniorinnen an den Espoire geet jee eng Cyclistin am Contre la montre un den Depart.
Déi prominentste Participanten aus Lëtzebuerger Siicht si sécherlech d’Christine Majerus bei den Dammen an de Kevin Geniets bei den Hären.