Tour de France Femmes: 9. EtappDemi Vollering wënnt eng zweet Kéier den Tour de France Femmes

RTL Lëtzebuerg
No schwieregen 99 Kilometer ronderëm Nice duerft sech d'Vollering nieft dem Maillot Jaune och iwwer d'Victoire vun der leschter Etapp freeën. D'Nina Berton koum am General op déi 68. Plaz.
© NICOLAS TUCAT/AFP

Et waren zwar just 99,2 Kilometer ronderëm Nice zeréckzeleeën, mee mat véier Passagë vum Col d'Èze - dräi vun der zweeter an eng vun der éischter Kategorie - hat déi lescht Etapp et nach eng Kéier a sech. Um Enn gouf et eng Victoire en solitaire vun der Demi Vollering, déi sech domat och hiren zweeten Tour-de-France-Titel geséchert huet. Deen éischten hat si 2023 gewonnen.

D'Katarzyna Niewiadoma-Phinney huet alles versicht, mee muss sech am General wéi an der Course mat Plaz 2 zefridde ginn. Plaz 3 war fir d'Italieenerin Elisa Longo Borghini. D'Marlen Reusser, déi virun der Etapp nach Drëtt war, huet op der leschter Etapp no enger Chute vill Zäit agebéisst an ass nach aus den Topp 10 erausgefall.

D'Nina Berton koum op der leschter Etapp als 25. mat iwwer 13 Minutte Réckstand un. De General huet d'Berton op der Plaz 68 ofgeschloss. Bescht Fuererin aus der Lëtzebuergerin hirer Ekipp war d'Cedrine Kerbaol op Plaz 6.

D'Lorena Wiebes hat hire gréngen Trikot scho virun der leschter Etapp sou gutt wéi sécher an duerft de Maillot vun der beschter Sprinterin och den néngten Dag hannerteneen undoen. Och fir d'Puck Pieterse stoung virun der leschter Etapp scho sou gutt wéi fest, dass si de Biergtrikot gewanne géif.

Bescht Nowuessfuererin gouf bei hirem Debut d'Däitsch Antonia Niedermaier. Si hat 1 Minutt an 3 Sekonne Virsprong op d'Spuenierin Paula Blasi Cairol a 4 Minutten an 2 Sekonnen op d'Kanadierin Isabella Holmgren vun der Ekipp Lidl-Trek, wou de Frank Schleck zënter Ufank des Joers als Teammanager fungéiert. Mat der Niamh Fisher-Black koum eng weider Fuererin an d'Topp 10.

Resumé vun der Course

Séier hat sech eng Echappée mat 20 Fuererinne ronderëm de Maillot Jaune forméiert, virun der drëtter Montée vum Col d'Èze ass d'Grupp op 11 Leit geschrumpft. Nom zweete Passage vum Bierg konnt d'Marlen Reusser net un der Spëtzegrupp dru bleiwen an ass 60 km virun der Arrivée souguer gefall, wéi et biergof goung. Si koum net méi un d'Spëtzegrupp erun an huet immens vill Zäit agebéisst.

D'Entscheedung ëm de Maillot Jaune ass am leschte Passage vum Bierg gefall. D'Katarzyna Niewiadoma-Phinney hat 19 Kilometer virun der Arrivée probéiert, sech ofzesetzen, mee d'Demi Vollering ass un der Polin dru bliwwen an huet hir keng Chance gelooss, Zäit guttzemaachen. Well sech d'Fuererinnen hannendrun zeréckgehalen hunn, ass et zu engem richtegen Duell ëm de Maillot Jaune komm.

D'Vollering huet 600 Meter virum Sommet attackéiert a konnt d'Niewiadoma-Phinney stoe loossen. An der Offaart konnt si hir Avance op iwwer eng Minutt ausbauen.

Resultat vun der Etapp

1 Vollering Demi 2:44:35
2 Blasi Cairol Paula 1:04
3 Niewiadoma-Phinney Katarzyna 1:04
4 Fisher-Black Naomi 1:04
5 Niedermaier Antonia 1:04
6 Holmgren Isabella 1:08
7 Longo Borghini Elisa 1:14
8 De Vries Femke 1:57
9 Wlodarcyzk Dominika 1:57
10 Kerbaol Cedrine 1:57
...
25 Berton Nina 13:35

Generalklassement

1 Vollering Demi 30:54:51
2 Niewiadoma-Phinney Katarzyna 1:18
3 Longo Borghini Elisa 4:29
4 Niedermaier Antonia 5:10
5 Blasi Cairol Paula 6:13
6 Kerbaol Cedrine 6:41
7 Wlodarcyzk Dominika 7:53
8 Holmgren Isabella 9:12
9 Le Court Pienaar 14:04
10 Fisher-Black Niamh 15:14
...
68 Berton Nina 1:53:28

Back to Top
CIM LOGO