
Déi fënneft a lescht Etapp vum Tour Down Under huet de Matthew Brennan gewonnen. De brittesche Profi vun Team Visma konnt sech am Sprint géint de Finn Fisher-Black an den Tobias Lund Andresen duerchsetzen.
Am General ass et um Enn d’Victoire fir de Lokalmatador Jay Vine, deen op dëser leschter Etapp eng Kollisioun hat mat engem Känguru.
Um Enn hat den Australier am General eng Avance vun enger Minutt an dräi Sekonnen op de Schwäizer Mauro Schmid, Drëtte géitt mam Harry Sweeny e weideren Australier.
Nom Ausfall vum Kevin Geniets op der virleschter Etapp war et fir de Luc Wirtgen um leschten Deelstéck eng 105. Plaz, mat engem Retard vu siwe Minutten an 18 Sekonnen. Am General kënnt den Tudor-Profi op di 110. Plaz.
