Vuelta: 1. EtappDen Tadej Pogacar gewënnt d'Zäitfueren, 10. Plaz fir den Arthur Kluckers

RTL Lëtzebuerg
Fir den Optakt vun der 81. Editioun vun der Vuelta stoung e Samschdeg en 9,4 Kilometer laangt Zäitfueren duerch Monaco um Programm.
1. Etapp: Den Tadej Pogacar fir d'éischte Kéier a senger Karriär am Leadertricot vun der Vuelta
1. Etapp: Den Tadej Pogacar fir d'éischte Kéier a senger Karriär am Leadertricot vun der Vuelta
© AFP

Déi beschten Zäit huet e Samschdeg den Tadej Pogacar op d'Stroosse vu Monaco geluecht, deen als Zweetleschten un den Depart gaange war. Mat enger Zäit vun 10 Minutten a 57 Sekonnen huet de Sloween sech mat enger Avance vun nëmmen 9 Honnertstel op de Britt Ethan Hayter duerchgesat. Komplettéiert gouf de Podium op dëser éischter Etapp vum Britt Joshua Tarling.

Mam Alex Kirsch, Mats Wenzel an Arthur Kluckers si bei der Vuelta och 3 Lëtzebuerger um Depart. Fir de Wenzel an de Kluckers ass et den éischte groussen Tour. Dat bescht Resultat hat e Samschdeg den Arthur Kluckers, dee sech mat enger ganz staarker Zäit vun 11:08 Minutten als 10. klasséiere konnt. Den Alex Kirsch ass den 30. ginn (+0:26) an de Mats Wenzel huet et op déi 136. Plaz gepackt (+0:57).

Et ass déi éischte Kéier an der Karriär vum Pogacar, dass hien de Roude Maillot bei der Vuelta iwwerhëlt.


D'Resultater


D'Vuelta 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO