
Bei der Dammen Elite ass d’Lucinda Brand weiderhin net ze stoppen a feiert schonn déi 4. Victoire vun der Saison. D’Hollännerin hat mat enger Zäit vun 53:48 Minutte just 2 Sekonnen Avance op hir Landsfra Ceylin Del Carmen Alvarado. Komplettéiert gouf de Podium vum Aniek van Alphen (+0:16) an domat vun enger weiderer Hollännerin.
No enger Muskelverletzung war d’Marie Schreiber zu Antwerpen nees fir déi éischt Kéier mat um Depart. Der jonker Lëtzebuergerin ass direkt eng 18. Plaz vun 80 gelongen, dat mat engem Retard vun 2:48 Minutten. D’Liv Wenzel huet et op déi 45. Plaz gepackt (+6:01), d’Maïté Barthels op Plaz 50 (+7:25) an d’Layla Barthels op Plaz 53 (+7:58). Fir d’Nina Berton war et déi 62. Plaz (+9:06).
Bei der Hären Elite war et nees de Mathieu van der Poel, dee sech d’Victoire mat enger Zäit vun 1:01:24 séchere konnt. Den Hollänner huet sech virun deenen zwee Belsch Laurens Sweeck (+0:24) an Emiel Verstrynge (+0:33) duerchgesat.