Tour duerch Polen: 3. EtappDoud vum Bjorg Lambrecht no Chute

RTL Lëtzebuerg
Den 22 Joer ale Coureur aus der Belsch ass e Méindeg un de Folge vun enger uerger Chute wärend der 3. Etapp an der Klinik gestuerwen.
© AFP

De Bjorg Lambrecht vun der Ekipp Lotto Soudal war an der Ufanksphas vun der 3. Etapp gefall a war mam Helikopter an d’Klinik am Süde vun der polnescher Stad Rybnik geflu ginn. Do ass hie kuerz drop u senge schwéiere Blessure gestuerwen. De Belsch ass 22 Joer al ginn.

“Déi gréisstméiglech Tragedie fir dem Bjorg seng Famill, Frënn a Co-Equipieren ass geschitt. Rou a Fridden, Bjorg”, dat hat d’Ekipp Lotto Soudal kuerz no der Arrivée e Méindeg den Owend getwittert.

De Lambrecht huet zu den Talenter am Cyclissem gezielt. Beim Critérium du Dauphiné war hien dëst Joer dee beschte jonke Coureur, bei der U23-WM zejoert hat hien d’Sëlwermedail gewonnen. Fir de Lambrecht war et eréischt déi zweete Saison an der World Tour.

Informatioune vun der polnescher Online-Plattform “Onet” no soll de Lambrecht no 30 Kilometer an eng Bëtongskonstruktioun gerannt sinn, nodeems et plëtzlech ugefaangen hat mat Reenen. Den Organisateur huet e Méindeg den Owend matgedeelt, datt de Belsch nach op der Plaz reaniméiert ginn ass, ier hien an d’Klinik transportéiert gouf.

Wéinst dem schlechte Wieder war et zu e puer Chutte komm.

Op dësem trauregen Dag fir de Cyclissem ass dat sportlecht an den Hannergrond geroden. D’Victoire war um Enn fir de Pascal Ackermann. Den Däitsche war wuel als Zweeten iwwert d’Arrivée gefuer, ma de Fabio Jakobsen gouf nodréiglech no hanne versat. Den Hollänner hat sech am Sprint mat der lénkser Hand de Wee fräi gemaach.

De Bob Jungels ass am Peloton als 46. zäitgläich mam Gewënner iwwert d’Arrivée gefuer.

Am General bleift den Däitsche Pascal Ackermann no senger zweeter Etappevictoire a Féierung. De Bob Jungels ass den Ament de 37. op 24 Sekonnen.

Resultat vun der Etapp

1 Pascal Ackermann (GER) Bora - Hansgrohe 3:29:41
2 Danny Van Poppel (Ned) Team Jumbo - Visma 0:00:00
3 Mads Pedersen (Den) Trek - Segafredo 0:00:00
4 John Degenkolb (GER) Trek - Segafredo 0:00:00
5 Maximilian Walscheid (GER) Team Sunweb 0:00:00
6 Mark Cavendish (GBr) Team Dimension Data 0:00:00
7 Marc Sarreau (Fra) Groupama - FDJ 0:00:00
8 Andrea Peron (Ita) Team Novo Nordisk 0:00:00
9 Fernando Gaviria Rendon (Col) UAE Team Emirates 0:00:00
10 Matej Mohoric (Slo) Bahrain Merida 0:00:00
...
46 Jungels Bob Deceuninck - Quick Step ,,

General

1 Pascal Ackermann (GER) Bora - Hansgrohe 9:59:57
2 Fernando Gaviria Rendon (Col) UAE Team Emirates 0:00:12
3 Luka Mezgec (Slo) Mitchelton - Scott 0:00:14
4 Pawel Franczak (Pol) Nationalmannschaft Polen 0:00:16
5 Jakub Kaczmarek (Pol) Nationalmannschaft Polen 0:00:17
6 Danny Van Poppel (Ned) Team Jumbo - Visma 0:00:18
7 Fabio Jakobsen (Ned) Deceuninck - Quick Step 0:00:20
8 Ben Swift (GBr) Team Ineos 0:00:22
9 Quentin Jauregui (Fra) AG2R La Mondiale 0:00:22
10 Matej Mohoric (Slo) Bahrain Merida 0:00:23
...
37 Jungels Bob Deceuninck - Quick Step 24

Back to Top
CIM LOGO