Lescht Profi-Course fir de Bob Jungels"E Kandheetsdram ass op en Enn gaangen"

Tom Nols
Mat enger 130. Plaz an der Dagescourse Paris-Tours ass dem Bob Jungels seng Profikarriär op en Enn gaangen.
Och fir de Bob Jungels gouf et viru senger leschter Profi-Course e Spaléier vun de Konkurrenten.
Och fir de Bob Jungels gouf et viru senger leschter Profi-Course e Spaléier vun de Konkurrenten.
© A.S.O./Gaetan Flamme

Nach emol 216 Kilometer an du war et dat fir de Bob Jungels. Dass hien e Sonndeg bei Paris-Tours um Enn "just" deen 130. ginn ass, huet kee grouss interesséiert. Villméi stoung am Fokus, dass dem Coureur vun Netcompany-Ineos seng Karriär domat op en Enn gaangen ass.

Virun der Course hat hie sech an engem Video vun den Organisateure frou an houfreg gewisen. D'Karriär, déi elo eriwwer ass, wier wéi "e Kandheetsdram, deen op en Enn geet".

De 34 Joer ale Lëtzebuerger war 2012 Profi ginn an 2015 eng éischt Kéier den Tour de France gefuer. D'Joer drop war hien am Giro d'Italia de 6. ginn a beschte Jonken. 2017 hat hien deen Tricot verdeedegt, eng Etapp gewonnen a sech um Enn als 8. klasséiert.

Zu den Highlights am Bob Jungels sengem Palmarès gehéiert d'Victoire bei Léck-Baaschtnech-Léck 2018. Och seng Etappevictoire am Tour de France vun 2022 war e groussen Highlight.

Donieft huet Bob Jungels 2011 op de Spiller vun de klenge Länner zwou Goldmedaile gewonnen an am Ganze 14 national Championstitelen. 2016 an 2018 war hien Ekippe-Weltmeeschter am Zäitfueren.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO