Vuelta: 9. EtappEnric Mas wënnt schwéier Biergetapp am Roude Maillot

Jeff Birsens
Den Enric Mas hat wéinst der uerger Chute vum Tadej Pogacar e Samschdeg de Roude Maillot iwwerholl a konnt e Sonndeg doran direkt eng Etapp wannen.
Team Movistar's Spanish rider Enric Mas celebrates his victory followed by Team Netcompany Ineos' Scottish rider Oscar Onley during the 9th stage of the Vuelta a Espana 2026 cycling tour, a 187,4 km race between Villajoyosa and Alto de Aitana in Confrides, on August 30, 2026. (Photo by Josep LAGO / AFP)
Den Enric Mas huet sech am Sprint géint den Oscar Onley behaapt an déi 9. Etapp gewonnen.
© AFP

E Sonndeg huet den Enric Mas déi 9. Etapp vun der Vuelta gewonnen. No immens usprochsvollen 187.4 Kilometer mat ronn 1.500 Héichtemeter an ënner anerem zwou Montéeë vun der 1. Kategorie war et den Enric Mas am Roude Maillot, deen op der Arrivée uewen um Alto de Aitana nach genuch Kraaft hat, d'Hänn fir seng Victoire an d'Luucht ze hiewen. De Spuenier hat sech um Enn am Sprint géint den Oscar Onley behaapt.

Am General bleift den Enric Mas also weider am Roude Maillot un der Spëtzt. Hannendrun ass de Primoz Roglic mat engem Retard vun 1:18 Minutt neien Zweeten an de Felix Gall mat 1:39 den Drëtten.

Den Arthur Kluckers ass e Sonndeg als 149. an de Mats Wenzel als 163. op der Arrivée ukomm. Béid Lëtzebuerger Coureuren haten ee Retard vu 40:33 Minutten. Am General verléiert den Arthur Kluckers dräi Plazen a steet elo op der Plaz 164 a fir de Mats Wenzel gëtt et als neien 106. ee Minus vun 31 Plazen.

Resumé

Am Verlaf vun der éischter Hallschent vun der Course hat sech vum Peloton fort un der Spëtzt ee gréissere Grupp mat iwwer 20 Coureure forméiert. Dorënner waren och den Alessandro Romele, Marcel Camprubi an de Pavel Sivakov, déi sech ronn 40 Kilometer virun der Arrivée zu drëtt vir rëmfonnt hunn. Fir si ass et op déi lescht schwéier a laang Montée vu gutt 20 Kilometer erop op den Alto de Aitana vun der 1. Kategorie gaangen.

Den Alessandro Romele huet relativ séier misse lassloossen an 10 Kilometer viru Schluss war et dann de Pavel Sivakov, dee sech mat enger weiderer Attack eleng un d'Spëtzt gesat huet. D'Montée war awer och fir hien ze laang a sou konnt den duerchmëschte Verfollgergrupp de Fransous op deene leschte gutt véier Kilometer afänken. Vun elo u war jiddereen, deen nach genuch Kraaft am Tank hat, op sech selwer gestallt, fir et erop op de Sommet ze packen.

Um Enn sollt et zu engem Sprint tëscht dem Enric Mas kommen, deen de fir sech entscheede konnt.


D'Resultater


D'Vuelta 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO