
Den 28 Joer alen Éisträicher, deen dëst d‘Joer beim d‘Giro d'Italia op déi zweete Plaz koum a rezent d‘Vuelta op Plaz 3 ofgeschloss hat, huet sech fir en neie Challenge decidéiert. De Felix Gall dréint senger Ekipp Decathlon CMA CGM Team an Zukunft de Réck a fiert vun der nächster Saison u fir LIDL-Trek.
De Felix Gall huet fir 3 Joer bei der Ekipp vum CEO Andy Schleck ënnerschriwwen, dat gouf en Dënschdeg offiziell annoncéiert. Nieft dem Gall wiesselt mam Gregor Mühlberger och nach een zweeten Fuerer vun Decathlon CMA CGM Team eriwwer bei LIDL-Trek.