
Am eegene Land konnt sech en Donneschdeg Frankräich am Mixed-Ekippenzäitfuere mat engem Ecart vu 7 Sekonnen op Italien den Europameeschtertitel sécheren. D'Schwäiz kënnt mat engem Retard vu 40 Sekonnen op déi 3. Plaz.
D'Lëtzebuerger ware fir d'éischte Kéier an dëser Disziplin mat enger Ekipp um Depart a si gutt zwou Minutten nom Europameeschter iwwer d'Arrivée gefuer. Domadder séchere si sech déi 5. Plaz hannert Däitschland. 7 Ekippe waren um Depart.
D'Marie Schreiber konnt aus gesondheetleche Grënn, wéi scho beim Eenzelzäitfueren, net mat un den Depart goen a gouf kuerzfristeg duerch d'Gwen Nothum ersat. Fir Lëtzebuerg ugetruede sinn d'Nina Berton, d'Liv Wenzel, d'Gwen Nothum, den Arthur Kluckers, de Mats Wenzel an den Alex Kirsch.
D'Europameeschterschaft a Frankräich geet nach bis e Sonndeg. De weidere Programm vun de Lëtzebuerger Coureure fannt dir hei: