
Déi zweet war eng gréisstendeels flaach Etapp. Ronn 31 Kilometer viru Schluss war d'Echappée vum Dag agefaange ginn, sou dass sech fir e Massesprint forméiert gouf. Déi beschte Been hat um Enn den Alessio Magagnotti. Den 19 Joer alen Italiener konnt sech virum Paul Magnier duerchsetzen, Drëtte gouf de Portugis Iuri Leitao.
Beim Bonus-Sprint 22 Kilometer virum Enn hat den Isaac del Toro sech duerchgesat an esou de Réckstand op de Barré op 6 Sekonne verréngert.
Vun de fënnef Lëtzebuerger, déi um Depart sinn, huet den Noé Ury mat Plaz 16 déi beschten Affär gemaach. De Luc Wirtgen konnt sech knapp dohannert als 19. klasséieren. Beschte Lëtzebuerger am General ass de Mil Morang op Plaz 37.
E Samschdeg wäert déi drëtt Etapp, op där eng Partie Koppen op d'Coureure waarden, iwwer 171 Kilometer vun Herxheim op Bad Dürkheim féieren.
1 Magagnotti Alessio Red Bull - BORA - hansgrohe 25 4:40:13
2 Magnier Paul Soudal Quick-Step
3 Leitão Iúri Caja Rural - Seguros RGA
4 Walscheid Max Lidl - Trek
5 Bauhaus Phil Bahrain - Victorious
6 Müller Tobias Unibet Rose Rockets
7 Degenkolb John Team Picnic PostNL
8 Uhlig Henri Cofidis
9 Biermans Jenthe Alpecin - Premier Tech
10 Haller Marco Tudor Pro Cycling Team
...
16 Ury Noé
19 Wirtgen Luc
75 Morang Mil
79 Wallenborn Arno
97 Kess Alexandre
1 L. Barré Team Visma-Lease a Bike 9:58:31
2 I. Del Toro UAE Team Emirates - XR +6
3 G. Ciccone Lidl Trek +18
4 E. Zambanini Bahrain Victorious +28
5 A. Raccagni Soudal Quick-Step +29
6 B. Thomas Cofidis +30
7 N. Tesfatsion Movistar +30
8 B. Lemmen Team Visma-Lease a Bike +30
9 T. Del Grosso Alpecin - Premier Tech +30
10 M. Vacek Lidl Trek +31
...
37 M. Morang Team Lotto Kern-Haus Outlet Montabaur +1'27
48 A. Wallenborn Team Lotto Kern-Haus Outlet Montabaur +1'38
63 A. Kess Team Lotto Kern-Haus Outlet Montabaur +3'30
88 L. Wirtgen Tudor Pro Cycling Team +16'24
102 N. Ury Team Storck-MRW Bau +16'39