
Déi éischte Kéier goung et e Méindeg an d'Bierger. Zu Font-Romeu an de Pyrenäe gouf et um Enn awer kee Gewënner. D'Etapp huet no der zweetleschter Schwieregkeet vum Dag musse gestoppt ginn, nodeems schwéier Wiedere fir esou vill Schloreen a Knëppelsteng gesuergt haten, dass d'Sécherheet net méi konnt garantéiert ginn.
Déi éischt Hallschent vun der 3. Etapp war et e flaache Parcours, éier et no an no méi biergop goung. De Col de Mont-Louis war ee vun der éischter Kategorie an déi lescht Montée op d'Arrivée, op 1.930 Meter iwwert dem Mieresspigel, war eng aus der zweeter Kategorie. Vun Ufank un haten d'Coureure mat staarkem Wand ze dinn. Ronn 10 Kilometer nom Depart hate sech 6 Mann aus dem Stëbs gemaach, dorënner de Lëtzebuerger Mats Wenzel. Am Peloton sollt et duerno zu enger Rei Cassurë kommen.
Wéi nach ronn 50 Kilometer ze fuere waren, koum net nëmmen d'Meldung, dass den Alex Kirsch huet mussen opginn, et koumen och éischt Stëmmen op, déi behaapt hunn, den Tracé vun der Etapp misst adaptéiert ginn, well am Beräich vun der Arrivée schwéier Wiedere géingen néier goen. An der laanger Montée op de Col de Mont-Louis war et ronn 28 Kilometer virum Enn eng Attack vum Hellemose, déi de Wenzel an de Cort konnte matgoen, wärend de Peloton ënnert dem Impuls vum Tadej Pogacar senger Ekipp UAE Emirates XRG de Retard op d'Echappée ofgeknabbert huet. Nëmme 4 Kilometer méi spéit war de Wenzel eleng un der Spëtzt a konnt bis zu 48 Sekonne virun de Verfollger fueren.
Kuerz virum Sommet war de Lorenzo Fortunato bei de Lëtzebuerger bäigefuer an konnt sech d'Punkte fir d'Biergklassement sécheren. Wéi déi Zwee sech op déi lescht kuerz Descente gemaach hunn, si bei de staarke Reen och nach Knëppelsteng dobäi komm an zwar esou vill, dass d'Coureuren decidéiert hunn, stoen ze bleiwe fir Schutz ze sichen. Och den Tadej Pogacar huet eendeiteg Zeeche gemaach, net weider Course ze fueren. Kuerz dono koum déi offiziell Matdeelung vun der Direction de course, dass d'Etapp gestoppt wier. D'Stroosse ware quasi wäiss vun de Knëppelsteng.