
Vum 6. bis den 22. Februar 2026 ginn zu Mailand an zu Cortina d`Ampezzo déi olympesch Wanterspiller organiséiert. 2030 si se an de franséischen Alpen. Genee wéi op de Summerspiller, ginn och hei ëmmer nees néi Disziplinnen an de Programm opgeholl. An den Diskussioune fir 2030 sinn zwou Sportaarten, déi hei zu Lëtzebuerg eng laang Traditioun hunn.
Et sinn de Cross–Country an de Cyclocross, déi an den Diskussiounen ëmmer nees genannt ginn. Virun e puer Wochen huet déi néi IOC Presidentin Kirstin Coventry gesot, datt d`Chancë fir des Disziplinne gutt géife stoen, fir et an de Programm 2030 ze packen. Dat géif fir Lëtzebuerg bedeiten, datt zwou Sportaarten, déi hei am Land vill Zousproch fannen, nach eemol en néien Opschwong kéinte kréien.
Yves Göldi (Nationaltrainer FLA Mëttel- a Laangstreck) :
“Wann dat géif geschéien, da wier dat eng Motivatioun fir eis Elite-Leefer, déi wierklech ganz gutt sinn, déi kéinten do eng néi Motivatioun fannen. Am Prinzip wier dat am Moment en Athlet wéi de Ruben Querinjean a Leefer, déi op deem Niveau sinn.”
Jempy Drucker (Nationaltrainer FSCL Cyclocross) :
“Dat wier eng gutt Saach fir de Cross am allgemengen, am Moment spillt sech de Cyclocross haaptsächlech an der Belsch an an Holland of. De Stellewäert vum Cyclocross géif doduerch ganz kloer verbessert ginn an et kéint een aner Natiounen engagéieren.”
Och fir d`Athlete géif des Ännerung interessant Perspektive bidden.
Jeanne Lehair (Triathletin) :
“Mäi Papp schwätzt mer heiansdo dovunner an da soen ech him, e soll ophalen ze dreemen. Wann déi offiziell Lëscht vun de Sportaarte bis erauskënnt, da kucken ech mer déi un, an och, wat déi genee Selektiounskrittäre sinn. Dono kéint een da mat der Liichtathletik-Federatioun schwätzen.”
Rick Meylender (Cyclocross-Fuerer) :
“Dat wier op alle Fall en Zil, et muss een awer och kucke wéi et mat mir perséinlech am Vëlossport weider geet. Lo wëll ech mol meng Premiere packen an da gesinn ech weider. Et wier awer scho flott, do kënnen dobäi ze sinn.”
Wa Saache solle geännert ginn, da stéisst dat dacks op Kritik. Sou schwätzt sech de Verband vun de Wantersportaarten dogéint aus, mat der Begrënnung, datt een doduerch d`Identitéit an d’Traditioun vun de Wanterspiller géif verléieren. Och d’Reegele misste geännert ginn, am Moment mussen all Sportaarten op de Wanterspiller op Eis oder Schnéi praktizéiert ginn.