Renewi Tour: 5. EtappJasper Philipsen séchert sech mat drëtter Etappevictoire och de General

RTL Lëtzebuerg
De Belsch huet fir d'éischte Kéier a senger Karriär d'Renewi-Tour gewonnen.
Jasper Philipsen wënnt lescht Etapp an de General vun der Renewi Tour
Jasper Philipsen wënnt lescht Etapp an de General vun der Renewi Tour
© DAVID PINTENS/AFP

De belsche Sprinter Jasper Philipsen huet e Sonndeg d'Renewi Tour gewonnen. Den 28 Joer ale Coureur vun der Ekipp Alpecin Premier Tech huet e Sonndeg de Massesprint vun der fënnefter a leschter Etapp mat Start an Arrivée zu Louvin gewonnen a sech domadder och de General geséchert. Fir de Belsch war et schonn déi drëtten Etappevictoire bei der Renewi Tour 2026. No 183 usprochsvolle Kilometer ass den Italieener Luca Mozzato den Zweete ginn an den Hollänner Mike Teunissen ass als Drëtten ukomm.

Am General huet de Philipsen um Enn eng Avance vu 14 Sekonnen op säi Landsmann Jenno Berckmoes. Den Olav Kooij, deen um leschten Dag nëmmen den 30. ginn ass, gëtt den Drëtten.

Bei der Renewti Tour waren och zwee Lëtzebuerger dobäi. De Kevin Geniets ass um leschten Dag an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner als 49. ukomm an da Bob Jungels huet als 86. dräi Minutten an 20 Sekonne verluer. Am General sinn et fir Geniets a Jungels d'Plaze 35 an 105.

D'Klassement vun der Etapp

1 Philipsen Jasper Alpecin - Premier Tech 4:06:49
2 Mozzato Luca Tudor Pro Cycling Team ,,
3 Teunissen Mike XDS Astana Team ,,
4 Fiorelli Filippo Team Visma | Lease a Bike ,,
5 Borgo Alessandro Bahrain - Victorious ,,
6 Berckmoes Jenno Lotto Intermarché ,,
7 van den Berg Marijn EF Education - EasyPost ,,
8 Bévort Carl-Frederik Uno-X Mobility ,,
9 Skujiņš Toms Netcompany INEOS ,,
10 Heiduk Kim Lidl - Trek ,,
...
49 Geniets Kevin Groupama - FDJ United 0:00
86 Jungels Bob Netcompany INEOS 3:20

D'Schlussklassement

1 Philipsen Jasper Alpecin - Premier Tech 19:28:57
2 Berckmoes Jenno Lotto Intermarché 0:14
3 Kooij Olav Decathlon CMA CGM Team 0:20
4 Teunissen Mike XDS Astana Team 0:32
5 Hermans Quinten Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team 0:33
6 Segaert Alec Bahrain - Victorious 0:37
7 Wærenskjold Søren Uno-X Mobility ,,
8 Trentin Matteo Tudor Pro Cycling Team 0:38
9 Donaldson Robert Team Jayco AlUla 0:39
10 Fiorelli Filippo Team Visma | Lease a Bike 0:40
...
35 Geniets Kevin Groupama - FDJ United 2:15
105 Jungels Bob Netcompany INEOS 31:49

Back to Top
CIM LOGO