CyclissemJonas Vingegaard fiert de Giro d'Italia an den Tour de France

Sam Rickal
Dat huet den Dän a seng Ekipp Visma|Lease a Bike en Dënschdeg op hirem Media-Day annoncéiert.
© MIGUEL RIOPA AFP

Fir de Jonas Vingegaard wier et déi éischt Participatioun beim Tour duerch Italien. 2023 an 2025 ass den Dän den Tour de France an d’Vuelta gefuer. Ënner anerem de Critérium du Dauphiné léisst hie par rapport zum leschte Joer wech. D’Saison 2026 fänkt fir den zweefache Vainqueur vun der Grand-Boucle mam UAE Tour an de Vereenten Arabeschen Emiraten de 16. Februar un. Am Mäerz steet fir de Jonas Vingegaard dann d’"Volta Ciclista a Catalunya” a Spuenien um Programm. Am Mee fiert hien dann de Giro d’Italia an hëlt do d’Schlussvictoire an d’Viséier: “Ech géing meng Collectioun gäre mam rosaen Trikot completéieren”. Duerno konzentréiert sech den Dän op den Tour de France.

Do kann hien op d’Hëllef vum Wout Van Aert zielen. Dem Belsch säi Programm gouf och en Dënschdeg um Media-Day vu Visma|Lease a Bike bekannt ginn. Donieft ass de Van Aert ënner anerem och bei Mailand-Sanremo, dem Tour des Flandres a Paris-Roubaix am Asaz. Zum Ofschloss ass hien dann bei der Vuelta Enn August mat dobäi.

Ufank des Joers hat sech den 10-fachen Etappe-Vainqueur aus dem Tour de France beim Excat Cross zu Mol an der Belsch um Enkel blesséiert an huet doropshin missen operéiert ginn. D’Blessur schéngt deemno net sou schlëmm ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO