Grand Prix de LuxembourgKarl Herzog wënnt en solitaire, Loris Morbé beschte Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg gouf zu Housen mam Grand Prix de Luxembourg eng weider international Vëloscourse fir Junioren am Grand-Duché gefuer.
De Gewënner vum Grand Prix de Luxembourg 2026
De Gewënner vum Grand Prix de Luxembourg 2026
© Serge Waldbillig/Foto: Serge Waldbillig / TDL Organisation

De Karl Herzog aus Däitschland huet e Sonndeg de Grand Prix de Luxembourg gewonnen. Den Däitschen huet sech no 106 Kilometer ronderëm Housen en solitaire d'Victoire geséchert. De Fransous Soen Le Pann hat als Zweeten e Retard vun enger Minutt a siwe Sekonnen. Op déi drëtte Plaz ass den US-Amerikaner Enzo Hincapie op eng Minutt a 24 Sekonne gefuer.

De Podium vum Grand Prix de Luxembourg
De Podium vum Grand Prix de Luxembourg
© Serge Waldbillig/Foto: Serge Waldbillig / TDL Organisation

Beschte Lëtzebuerger war de Loris Morbé als 50.. De Lëtzebuerger Champion op der Strooss hat e Retard vu véier Minutten an 29 Sekonnen.

Klassement Grand Prix de Luxembourg
E Sonndeg gouf zu Housen mam Grand Prix de Luxembourg eng weider international Vëloscourse fir Junioren am Grand-Duché gefuer.

Back to Top
CIM LOGO