
Op der 6. Etapp vun der Vuelta konnt de Leader Tadej Pogacar seng 3. Etappevictoire feieren. De Sloween konnt sech en Donneschdeg tëscht Alcossebre a Castelló am Sprint géint de Spuenier Enric Mas behaapten. Béid Coureuren hate sech am leschte Bierg vum Dag, dem Puerto El Bartolo, vun der Konkurrenz ofgesat a goufe bis op d'Arrivée net méi agefaangen. Am Sprint hat de Mas awer keng Chance an huet dem Weltmeeschter missen de Virtrëtt loossen. De Mas ass am Generalklassement lo laanscht de Roglic an ass en Donneschdeg den Owend den Zweeten hannert dem Pogacar.
De Mats Wenzel ass um 6. Dag als 92. iwwer d'Arrivée gefuer an hat e Retard vu 16 Minutten a 14 Sekonnen. Fir den Arthur Kluckers war et déi 123. Plaz op 28 Minutten an 51 Sekonnen. Am Generalklassement leie Wenzel a Kluckers op de Plazen 108. an 172.
De Verlaf vun der Etapp
Vun Ufank u goufen et op dëser Etapp vill Attacken. Och de Mats Wenzel war ganz aktiv a konnt sech no ronn 60 Kilometer Course an engem Grupp vu 15 Coureuren am Col de Bandereta ofsetzen. Dës Echappée war awer séier nees agefaangen. Kuerz drop konnt sech en neie Grupp mam Wout van Aert aus dem Stëbs maachen. 60 Kilometer virun der Arrivée hat dëse Grupp vu 16 Coureuren eng Avance vu ronn 2 Minutten. Op de leschte 55 Kilometer waren nach 2 Collen ze fueren. Besonnesch de leschten, de Puerto El Bartolo, war ganz schwéier. Hei ass et op de leschten 3 Kilometer iwwer e Gravel-Secteur gaangen. Dëse war an der Moyenne 11 Prozent géi. D'Ekipp UAE huet am Peloton dofir gesuergt, datt den Ecart op d'Echappée net ze grouss ginn ass. Am leschte Bierg war d'Echappée nees agefaangen an de Pogacar huet attackéiert. De Spuenier Enric Mas war den eenzegen, deen um Leader konnt dru bleiwen an huet sech am Sprint misse geschloe ginn.
Fir den Tadej Pogacar gouf et op der 6. Etapp awer och e Schreckmoment. De Leader konnt an der leschter Descente vum Dag eng Chute nëmmen esou just verhënneren. Um Enn konnten nees bei de Mas bäifueren an eben och d'Etapp gewannen.