
Beim Urban Night Cross - Memorial Claude Michely vum LC Kayldall gouf et de Samschdeg den Owend eng Victoire fir de Lennox Papi. De jonke Coureur wousst op deem séiere Circuit ze iwwerzeegen an huet sech direkt am éischte vun am ganzen néng Tier vun der Konkurrenz ofgesat.
Tour fir Tour huet hie seng Avance ausgebaut an hat op der Arrivée e Virsprong vun 1'24''. Hannert dem Lennox Papi hu sech de Jonah Flammang-Lies an de Raphaël Kockelmann e spannende Kampf ëm d'Éiereplaze geliwwert, mam besseren Enn fir de Flammang-Lies.
Bei den Dammen huet déi jonk Generatioun déi éischt Plazen ënnert sech ausgemaach. D'Elena Lopes, déi rezent nach bei der Europameeschterschaft a Slowenien an der Stroossecourse vun de Juniorinnen excellent ofgeschnidden hat, konnt sech um Enn knapp virun der Sarah Koenig behaapten. Béid Cyclistinne vum CT Atertdaul sinn zesummen iwwer d'Arrivée gefuer. Déi drëtt Plaz war fir d'Isabelle Klein.
Bei de Juniore gouf et eng weider Victoire fir de Ben Fleming. Bei den Debutantë war den Dippecher Noé Garcia Pinnel nees de Beschten, iwwerdeems d'Enola Walch déi bescht Debutante war. Bei de Masters konnt sech de Scott Thiltges duerchsetzen.
E Sonndeg gëtt et am Sportjournal e Reportage iwwer den Urban Night Cross.