
Fir den Optakt vun der regionaler Cyclocross Saison zu Keel gouf et e Sonndeg eng Victoire fir de jonke Lennox Papi. De Coureur vum Team Toproad Roeserbann huet sech direkt am Ufank vun de siwen Tier un d'Spëtz gesat a konnt iwwer déi 50 Minutte Course seng Avance ëmmer weider ausbauen. De Parcours war fir d'Haaptcourse, déi um 15:15 Auer ugefaangen hat, duerch de Ree richteg schmiereg ginn. Hannert dem Papi konnt sech de Fransous Théo Drumaux déi zweete Plaz sécheren. Als Drëtte konnt sech mam Jonah Flammang Lies e weidere jonken Espoir klasséieren. Op der Arrivée hat de Lennox Papi eng Avance vun enger Minutt a véier Sekonnen op den Drumaux.
Bei den Dammen, wou keng Elitt um Depart war, konnt sech déi jonk Sarah Koenig duerchsetzen. D'Franséisin Laura Piernet konnt sech virum Isabelle Klein als Zweet klasséieren.
Bei de Juniore war de Ben Fleming dee Beschten. De Coureur aus dem Zéissenger Veräin ass gutt an d`Saison gestart a konnt och schonn am Ausland op internationale Crosse mat gudde Resultater iwwerzeegen. De Ben Koenig an de Pit-Paul Marc Simon sinn op d'Plazen Zwee an Dräi gefuer.
Bei de Masters konnt sech de Pol Weisgerber duerchsetzen, iwwerdeems de Noé Garcia Pinnel de Beschte bei den Debutante war. Hei war d'Enola Walch déi Séierste bei de Meedercher.