Cyclocross zu MunnerefLennox Papi och beim 3. regionale Cross vun der Saison nees de Beschten

RTL Lëtzebuerg
D'Plazen 2 an 3 waren zu Munneref fir de Jonah Flammang Lies an de Rick Meylender.

Beim 3. regionale Cyclocross vun der Saison konnt de Lennox Papi e Sonndeg seng 3. Victoire feieren. Den 19 Joer ale Coureur konnt sech am zweete vun am ganzen aacht Tier vun der Konkurrenz ofsetzen a konnt genee wéi e Samschdeg seng Avance ëmmer weider ausbauen.

Op der Arrivée hat hien hien eng Avance vun enger Minutt an 28 Sekonnen op de Jonah Flammang Lies. De Rick Meylender huet de Podium als 3. komplettéiert. No der Course huet sech de Lennox Papi ganz zefridde mat sengem Ufank vun der Saison gewisen.

De Lennox Papi huet de Cyclocross zu Munneref gewonnen
3. Victoire fir des Saison fir de jonke Espoir.

"Ech si ganz zefridde wéi d'Saison fir mech ugefaangen huet. Ech konnt bei deenen dräi Crosse vun Ufank u fortfueren, meng Avance ausbauen a mäi Rhythmus bis op en Enn duerchzéien. Ech hunn no der Stroosse-Saison keng Paus gemaach a meng Form mat an de Cross geholl. Technesch hunn ech mech och nach e Stéck verbessert, dat ass och wëll ech méi staark gi sinn. 

Bei den Damme war d'Sarah Koenig nees ganz vir. Déi zweet Plaz war fir d'Laura Piernet aus Frankräich. Fir d'Isabelle Klein war et déi 3. Plaz. Beschte Junior wat op en Neits de Ben Fleming, dee genee wéi de Lennox Papi bis elo all Cross gewonnen huet.

An der Debutant-Kategorie waren den Noé Garcia Pinnel an d'Maxine Steinbach déi Bescht. De Champion Pol Weisgerber huet bei de Masters gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO