
Bei ganz schwierege Konditiounen gouf e Sonndeg am Préizerdaul Cyclocross gefuer. An der Haaptcourse vun den Elite/Espoirs vun de Männer konnt sech de Favorit, de Lëtzebuerger Champion Loïc Bettendorff, behaapten. Um Parcours mat ganz vill Bulli gouf de Coureuren e Sonndeg de Mëtteg alles ofverlaangt. De Loïc Bettendorff huet direkt am éischten Tour d’Course an d’Hand geholl an ass sech am Laf vun den Tier eng Avance vu ronn 45 Sekonnen op seng éischt Verfollger erausgefuer. Hannendru waren direkt e puer Konkurrenten, déi sech Hoffnungen op eng Podiumsplaz konnte maachen. Ënnert hinne waren och d’Lëtzebuerger Lennox Papi a Mil Morang, dee säin éischte Cross fir dës Saison gefuer ass, an de Rick Meylender. Leschtgenannten huet no engem technesche Problem seng Konkurrenten awer missen zéie loossen. An deene leschten Tier sinn an deem Gruppe hannendrun nach de Belsch Elio Clarysse, de Lennox Papi an de Mil Morang iwwreg bliwwen.
Spannung am leschten Tour
Nodeems de Loïc Bettendorff e Problem mat sengem Schong hat, ass et am leschten Tour nach eemol richteg spannend ginn. Clarysse, Papi a Morang haten de Leader op eemol nëmmen nach ganz knapp viru sech. Um Enn konnt sech de rout-wäiss-bloe-Maillot awer als éischt op der Arrivée presentéieren, dat mat nach enger Sekonn Avance op den Elio Clarysse. Mat senger zweeter Plaz konnt de Clarysse seng Féierung am Skoda Cross Cup verdeedegen. De jonke Lennox Papi gouf no enger staarker Course mat der drëtter Podiumsplaz belount a war de beschten Espoir. Hie bleift den Éischten am Cross Cup vun der U23.
Bei den Dammen
Bei den Damme sinn nëmmen zwou Konkurrentinnen un den Depart gaangen. Hei konnt sech d’Franséisin Laura Piernet virum Elena Lopes duerchsetzen.
Den nächste Weekend steet zu Ettelbréck eng weider regional Epreuve um Programm.