Cyclocross: Militär-WMLoïc Bettendorff gëtt Weltmeeschter zu Dikrech

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg gouf zu Dikrech am Kader vum Skoda Cross Cup an der Militär-WM eng Cyclocross-Course gefuer. De Loïc Bettendorff ass als Éischten ukomm.

No 50 Minutten a 37 Sekonnen ass de lëtzebuergesche Champion Loïc Bettendorff iwwert d’Arrivée gefuer, als Vainqueur vum regionale Cross um Härebierg an als neie Militär-Weltmeeschter am Cyclocross.

Militär-WM am Cyclocross um Härebierg
De Loïc Bettendorff konnt sech de Weltmeeschtertitel sécheren.

Ënnert deene 44 Coureuren aus 8 Natiounen, déi um Depart waren, koum de Rick Meylender als Beschte fort. De jonken Dippecher gouf awer séier vu routinéierten Elite-Coureuren iwwerholl. Wat d’Course méi laang gedauert huet, wat hien méi zeréckgefall ass. Um Enn gouf hien den Aachten.

Am zweeten Tour huet de Loïc Bettendorff sech un d’Spëtzt gesat. De Lëtzebuerger Sportzaldot hat den Elio Clarysse a sengem hënneschte Rad. De belsche Militär huet dem Lëtzebuerger Champion bis an de fënnefte vun am ganze siwen Tier, déi ze fuere waren, d’Liewen virop schwéier gemaach.

Dunn allerdéngs konnt de Loïc Bettendorff nach eng Schëpp drop leeën, de Leader vum Skoda Cross Cup konnt hei net méi konteren an huet sech mat der Éiereplaz missen zefridde ginn. De Loïc Bettendorff huet deemno bei sengem éischte Cross vun der Saison e schéinen Doublé realiséiert, obschonn hie sech net extrem fir dës Course preparéiert hat. Bronze goung un den Matthias Alberti aus Däitschland

Drëtten an der Course gouf de Lennox Papi. Dé jonken Espoir a Leader am Skoda Cross Cup an dëser Altersklass ass e ganz staarke Cross gefuer. Vum Depart erfort war hien an den Top 6, an huet sech bei hallwer Course esou guer op déi drëtte Plaz no vir geschafft, eng Plaz déi hien ganz iwwerleeë bis op de wäisse Stréch verdeedegt huet an domat beschten Espoir gouf.

Bei den Dammen huet sech fréi an der Course d’Romy Kasper virop eleng ofgesat. Déi däitsch Cyclistin, déi 2008 Profi gouf, huet dës Plaz bis op d’Arrivée verdeedegt, a gewënnt de Militär-Weltmeeschtertittel virum Vita Movrin an Tanja Zakelj alle béid aus Sloweenien. Direkt hannendrun d’Amy Breuer vum CT Atterdaul, dat de Podium ëm winzeg zwou Sekonne verpasst huet.

D’Resultater vun der Militär-WM am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO