
De Luc Wirtgen (Bingoal Pauwels) war op der Etapp vum Samschdeg op eng staark drëtt Plaz gefuer a konnt sech doduerch am Klassement op déi drëtt Plaz verbesseren. Um Sonndeg konnt hien dës Placéierung halen andeems hien an der selwechter Zäit iwwer d’Arrivée gefuer ass wéi de Schlussvainqueur. Hie stoung zum Schluss vum Tour of Antalya mat engem Retard vu sechs Sekonnen hannert dem Dän Jacob Hindsgaul an dem Italieener Alessandro Fedeli um Podium.
Déi aner Lëtzebuerger Coureuren Arthur Kluckers (Leopard Pro Cycling, + 14 Sekonnen) an Tom Wirtgen (Bingoal Pauwels, + 2 Minutten, 35 Sekonnen) hu sech als 13. respektiv 51. klasséiert.
1. Jakub Mareczko, 3 Stonnen 40 Minutten 22 Sekonnen
2. Arvid de Kleijn, + 0
3. Matteo Malucelli, + 0
4. Enrico Zanoncello, “
5. Matthew Gibson, “
6. Jesper Rasch, “
7. Giovanni Lonardi, “
8. David Martin, “
9. Scott McGill, “
10. Ryan Jastrab, “
1 HINDSGAUL Jacob 14:23:14
2 FEDELI Alessandro 0:04
3 WIRTGEN Luc 0:06
4 HOLTER Ådne 0:07
5 MURPHY Kyle 0:08
6 MULUBRHAN Henok 0:10
7 PERRY Benjamin ,,
8 SEPÚLVEDA Eduardo ,,
9 BUDYAK Anatoliy ,,
10 EYOB Metkel 0:14
...
13 KLUCKERS Arthur 0:14
51 WIRTGEN Tom 2:35