D’Marie Schreiber huet sech fir d’zweete Kéier den Titel bei der Elite am Cyclocross-Championnat geséchert. Vum Depart ewech huet déi 20 Joer al Lëtzebuergerin, déi international zur Weltspëtzt gehéiert, d’Course dominéiert an hat op der Arrivée ronn dräi Minutten Avance op d’Christine Majerus. Drëtt ass d’Isabelle Klein ginn.
No der Sëlwermedail op der EM bei den U23-Dammen an elo dem Championstitel bei der Elite steet fir d’Marie Schreiber Ufank Februar mat der WM awer nach den Héichpunkt vun der Saison um Programm. Hei huet si sech e kloert Zil gesat. Eng Medail wëllt si vun Tabor an Tschechien mat zeréck an de Grand-Duché bréngen.
Bei den Espoirinnen huet d’Liv Wenzel mat enger staarker Leeschtung hiren Titel verdeedegt. D’Anouk Schmitz an d’Layla Barthels sinn 2. an 3. ginn.
Bei de Juniorinne war d’Gwen Nothum am stäerksten. Zweet ass d’Lisi Schmitz ginn.
Bei de Masters war mam Suzie Godart eng Damm um Depart an huet sech domadder och den Titel geséchert.