
Um Samschdeg gouf am Kader vum Weltcup eng Manche vum Cyclocross zu Maasmechelen an der Belsch gefuer. Bei den Damme konnt d’Hollännerin Puck Pieterse als Éischt iwwer d’Arrivée fueren. Et war déi éischt Victoire am Weltcup zanter zwee Joer fir d’Hollännerin. Um Enn hat d’Pieterse eng Avance vun 10 Sekonnen op d’Ceylin Alvarado och aus Holland. Knapp hannendrun koum d’Franséisin Amandine Fouquenet op déi 3. Plaz.
Aus Lëtzebuerger Siicht war d’Course net ganz esou erfollegräich. D’Marie Schreiber koum mat engem Retard vun 2 Minutten a 14 Sekonnen op déi 20. Plaz. D’Maité an d’Layla Barthels sinn op de Plaze 44 a 50 mat engem Réckstand vu 5 Minutten a 36 Sekonnen a 5 Minutten a 55 Sekonnen ukomm. D’Liv Wenzel huet opginn.
Bei den Häre war op en Neits de Mathieu van der Poel net ze schloen. Zu Maasmechelen konnt den Hollänner seng 11. Victoire vun der Saison a säin 22. Succès um Stéck am Weltcup feieren. Et war dem van der Poel säi 50. Erfolleg an engem Weltcup an domadder huet hien de Rekord vum Sven Nys egaliséiert. 3 Sekonnen hannert dem van der Poel ass den Tibor del Grosso iwwer d’Arrivée gefuer. De Podium gouf Belsch Niels Vandeputte komplettéiert. Hien hat e Retard vu 4 Sekonnen op de van der Poel. D’Lëtzebuerger Lennox Papi a Loïc Bettendorff sinn op de Plazen 43 a 47 ukomm.