CyclocrossMarie Schreiber fiert an der Belsch op déi 2. Plaz

Lynn Kayser
D'Lëtzebuergerin huet sech just der Hollännerin Linda Brand misse geschloe ginn.
D'Lëtzebuerger Championne Marie Schreiber um Podium mat der Gewënnerin Lucinda Brand an dem Denise Betsema (v.l.n.r).
D'Lëtzebuerger Championne Marie Schreiber um Podium mat der Gewënnerin Lucinda Brand an dem Denise Betsema (v.l.n.r).
© DAVID PINTENS/Belga via AFP

Beim Kermiscross zu Ardooie an der Belsch ass d'Marie Schreiber en Donneschdeg op déi gutt 2. Plaz gefuer. D'Lëtzebuerger Championne huet sech just der hollännescher Weltmeeschterin Lucinda Brand misse geschloe ginn. Op déi 3. Plaz koum mam Denise Betsema eng weider Hollännerin. D'Marie Schreiber hat um Enn vun der Course 17 Sekonne Retard op d'Brand.

D'Topp 10 vun der Course

1 BRAND Lucinda Baloise Verzekeringen - Het Poetsbureau Lions 51:32
2 SCHREIBER Marie 0:17
3 BETSEMA Denise De Ceuster Bouwkranen 0:29
4 CLAUZEL Hélène 777TV CX Team 0:50
5 GARIBOLDI Rebecca De Ceuster Bouwkranen 0:57
6 FRANCK Alicia 1:22
7 BRAMATI Lucia FAS Airport Services - Guerciotti 1:37
8 NORBERT RIBEROLLE Marion Crelan - Corendon 2:04
9 BROUWERS Julie Charles Liégeois CX Team 2:20
10 CRABBÉ Kiona 2:34

Back to Top
CIM LOGO