
Zu Benidorm a Spuenien war e Sonndeg déi 10. Manche am Cyclocross-Weltcup. Duerchgesat huet sech bei der Dammen Elite d’Hollännerin Lucinda Brand. Déi 37 Joer al Coureuse war 10 Sekonne virun hirer Landsfra Ceylin Del Carmen Alvarado an 12 Sekonne virun der Fransousin Amandine Fouquenet op der Arrivée ukomm. D’Marie Schreiber hat e Réckstand vun 1:14 Minutt an ass domat op déi 8. Plaz gefuer.
Plaz 38 ass mat engem Retard vu 4:44 Minutten un d’Liv Wenzel gaangen. D’Maïte a Layla Barthels sinn déi 49. a 55. ginn.