
Bei der Nacht van Woerden konnt d'Marie Schreiber e Mëttwoch den Owend hir excellent Form op en Neits ënner Beweis stellen an eng weider Victoire feieren.
No engem méi rouegen Depart huet d'Marie Schreiber op engem schmierege Parcours kuerz virun der Hallschent vun der Course hire Rhythmus fonnt an huet hir Konkurrenz a Schwieregkeete bruecht.
Dräi Tier virun Enn war de leschte Widderstand gebrach an och dono huet d'Marie Schreiber hir Avance kënnen halen. Hannendrun hu sech déi zwou Hollännerinnen Aniek van Alphen a Lucinda Brand op de Plazen zwee an dräi ofgewiesselt. Op dem naasse Parcours war et besonnesch wichteg, technesch propper ze fueren a keng Feeler ze maachen.
Um Enn konnt si sech Zäit huelen, fir sech vum hollännesche Public feieren ze loossen. Déi zweet Plaz war fir d'Aniek van Alphen, iwwerdeems d'Lucinda Brand sech déi drëtte Plaz konnt sécheren.
E Sonndeg geet d'Marie Schreiber beim internationale Cross zu Conter un den Depart.