
Am Cyclissem huet d’Marie Schreiber de Cross zu Meulebeke an der Belsch gewonnen. D’Lëtzebuergerin hat um Enn eng Avance vu 15 Sekonnen op d'Aniek Van Alphen an 30 Sekonnen op d'Lucinda Brand.
Fir d’Marie Schreiber ass et no der zweeter Plaz en Donneschdeg beim Kermiscross déi zweet Victoire bei enger internationaler Cyclocross-Course dës Saison. Enn September hat si well de Kleeberg Cross zu Mechelen an Holland gewonnen. Donieft och hei am Land den éischte Cross vun der Saison zu Dippech.