CyclocrossMarie Schreiber klasséiert sech als 11. beim Trofee Brussels

RTL Lëtzebuerg
No der Participatioun um Samschdeg zu Gavere huet d'Marie Schreiber nees eng exzellent Performance gewisen. D'Maïté Barthels war och um Start.
© RTL-Archiv / Jeff Gloden

Um Sonndeg gouf et nees eng exzellent Performance vun der 19 Joer aler Lëtzebuergerin beim Trofee Brussels. An der Kategorie vun der Dammen-Elite ass d’Marie Schreiber vun der belscher Ekipp Tormans-Circus Cyclo Cross op déi eeleft Plaz gefuer, mat engem Retard vu 4 Minutten an 42 Sekonnen. Um Samschdeg konnt si sech bei der Course zu Gavere op der aachter Plaz klasséieren.

Nieft dem Marie Schreiber war eng weider jonk Lëtzebuergerin zu Bréissel um Start. D’Maïté Barthels ass als 23. iwwer d’Arrivée gefuer a konnt hir Leeschtung vu gëschter zu Gavere (Plaz 24) confirméieren.

Back to Top
CIM LOGO