
Bei der drëtter Course vun der X2O Trophy duerft sech d’Lucinda Brand iwwer hir zweet Victoire no 2021 zu Hamme freeën. Déi lescht zwou Saisone war d’Hollännerin ëmmer als Zweet ukomm. Mat der Inge Van der Heijden an der Aniek Van Alphen stoungen déi selwecht dräi Dammen um Podium wéi virun enger Woch bei der Europameeschterschaft zu Middelkerke. Dës Kéier konnt sech d’Brand awer mat enger knapper Avance vun 9 Sekonne virun der Van der Heijden duerchsetzen. D’Van Alphen hat 22 Sekonne Réckstand.
D’Marie Schreiber huet bei hirem éischten Asaz an dëser Saison eng staark Leeschtung gebueden a gouf hannert den dräi Hollännerinnen déi Véiert. D’Lëtzebuergerin war bei der Europameeschterschaft net un den Depart gaangen, well si no enger Covid-Infektioun nach net a Form war. Déi 22 Joer jonk Fuererin koum trotz engem gebrachene Changement am leschten Tour mat engem Retard vun 1'05'’ am Zil un - knapp virun der Belsch Julie Brouwers (+1'09'’).
Mat der Liv Wenzel war eng weider Lëtzbuergerin zu Hamme um Depart. Si gouf mat engem Retard vun 4'15'’ déi 16. D’Wenzel war och schonn e Samschdeg am Superprestige zu Merksplas gefuer. Dës Course gouf och vun der Lucinda Brand gewonnen an déi 21 Joer als Lëtzebuergerin hat bei hirer 19. Plaz 4'58'’ Sekonne Réckstand op d’Gewënnerin.
Bei den U23-Häre war och de Rick Meylender ënnerwee. Den 19 Joer ale Lëtzebuerger gouf bei der Victoire vum Belsch Arthur Van den Boer den 32. op 5'10'’.
1 BRAND Lucinda 42:35
2 VAN DER HEIJDEN Inge 0:09
3 VAN ALPHEN Aniek 0:22
4 SCHREIBER Marie 1:05
5 BROUWERS Julie 1:09
6 BAKKER Manon ''
7 BETSEMA Denise 1:17
8 WORST Annemarie 1:31
9 CLAUZEL Hélène 2:12
10 DE SCHOESITTER Shanyl 3:11
...
16 WENZEL Liv 4:15