CyclocrossMarie Schreiber wënnt den "Exact Cross" zu Maldegem an der Belsch

Sam Rickal
D'Lëtzebuerger Championne konnt sech mat enger Avance vun zwou Sekonne virun der Hollänerin Inge Van der Heijden behaapten.
D'Marie Schreiber konnt sech um Exact Cross zu Maldegem feiere loossen.
D’Marie Schreiber konnt sech um Exact Cross zu Maldegem feiere loossen.
© DAVID PINTENS / BELGA MAG / BELGA VIA AFP

D’Marie Schreiber huet hir aktuell gutt Form e Mëttwoch op en Neits ënner Beweis gestallt. No der 10. Plaz op der Cyclocross-WM de leschte Samschdeg konnt si sech um Exact Cross zu Maldegem an der Géigend vu Bruges duerchsetzen.

D’Lëtzebuerger Championne hat op der Arrivée eng Avance vun 2 Sekonnen op déi hollännesch Europameeschterin Inge Van der Heijden an. Mat engem Retard vu 4 Sekonne koum déi franséisch Welt-Cup-Gewënnerin Amandine Fouquenet op déi 3. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO