
Fir déi zweete Kéier bannent dräi Joer wäert de Mathieu van der Poel um Skoda Tour de Luxembourg deelhuelen. Dat hu seng Ekipp Alpecin Premier Tech an d'Organisateuren e Mëttwoch den Owend op de Soziale Medie matgedeelt.
2024 hat den Ex-Cyclocross- a Stroosseweltmeeschter am Tour de Luxembourg eng Etapp gewonnen a war um Enn den Zweeten am General ginn.
Den Tour 2026 wäert tëscht dem 16. an dem 20. September gefuer ginn.