
Op der 16. Etapp vun der Vuelta gouf et eng Victoire am Sprint vum Matthew Brennan. Et ass dem Britt seng 4. Etappevictoire bei dëser Editioun vum Tour duerch Spuenien. Hie konnt sech um Enn virum Bryan Coquard an dem Vito Braet duerchsetzen. De Lëtzebuerger Mats Wenzel ass en Dënschdeg zäitgläich als 52. iwwer d'Arrivée gefuer.
Am General bleift den Enric Mas weiderhi vir, dat mat enger Avance vun 2 Minutten a 6 Sekonnen op de Felix Gall an 2 Minutten an 10 Sekonnen op de Primoz Roglic. De Mats Wenzel läit do op Plaz 114.
Op der 16. Etapp vun der Vuelta hat de Peloton hiwweleg 181,1 Kilometer viru sech. 66,6 Kilometer virun der Arrivée stoung donieft en Tëschesprint um Programm, bei deem de Kevin Vermaerke aus der Echappée eraus dee Séierste war. 5 Coureuren hate sech en Dënschdeg fréi eleng op d'Rees gemaach an haten tëschenzäitlech eng Avance vu ronn zwou Minutten. Dëse Virsprong ass an der Suite awer méi kleng ginn, well de Peloton hannendrun Tempo gemaach huet.
10 Kilometer virun der Arrivée gouf d'Echappée agefaangen an et koum zum Massesprint. Do war op en Neits de Matthew Brennan dee Séiersten. Hie konnt sech um Enn virum Bryan Coquard an dem Vito Braet behaapten.