Vuelta 5. EtappMatthew Brennan setzt sech am Sprint duerch

Sam Rickal
Op der 5. Etapp goung et hiwweleg bis flaach 173,3 Kilometer vu Falset Costa Daurada op Roquetes Terres de l'Ebre. Fir de Peloton stoung e Mëttwoch en Tëschesprint an e Col vun der 3. Kategorie um Programm.
De Matthew Brennan hat op der 5. Etapp am Sprint déi séierste Been.
© JOSEP LAGO / AFP

Op der 5. Etapp vun der Vuelta gouf eng Victoire vum Matthew Brennan. De Britt konnt sech am Sprint virum Jordi Meeus an dem Vincenzo Albanese duerchsetzen. Et ass dem Britt seng zweeten Etappevictoire bei dëser Editioun vum Tour duerch Spuenien.

De Lëtzebuerger Mats Wenzel koum op déi 152. Plaz, dat mat engem Retard vun 10 Minutten an 39 Sekonnen. Den Arthur Kluckers gouf den 176. op 10 Minutten a 46 Sekonnen.

Am General bleift alles beim Alen. Den Tadej Pogacar huet eng Avance vun 3 Minutten an 21 Sekonnen op de Primoz Roglic.

De Wenzel ass do den 158. op 37 Minutten an 23 Sekonnen. De Kluckers dogéint huet op Plaz 174 e Retard vun 42 Minutten an 11 Sekonnen.


No der schwéierer Etapp en Dënschdeg haten d'Coureuren op der 5. Etapp e bësse méi liichte e Parcours hannert sech ze bréngen. Mat engem Tëschesprint an engem 4 Kilometer laange Col vun der 3. Kategorie, dem Puerto de Paüls, stoungen net all ze vill Schwieregkeeten um Programm.

Allerdéngs war et eng ganz nervös Course. An der Ufanksphas konnt sech keng Echappée richteg ofsetzen. Am eenzege Col vum Dag gouf de Peloton dunn an d'Längt gezunn. D'Decisioun ass awer schlussendlech am Sprint gefall. An do hat de Matthew Brennan déi séierste Been a konnt sech um Enn virum Jordi Meeus an dem Vincenzo Albanese behaapten.



D'Vuelta 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO