
De Matthew Brennan huet e Sonndeg déi zweet Etapp vun der Vuelta gewonnen. No enger hektescher Schlussphas mat enger Rei Attacken ass et um Enn zum Sprint komm an do hat de Britt déi séierste Been. Hien huet sech virum Pau Miquel an dem Tadej Pogacar duerchgesat.
Am General bleift den Tadej Pogacar a Rout. Duerch d'Bonificatiounen huet hie seng Avance ausgebaut a läit elo néng Sekonne virum Wout van Aert an zéng Sekonne virum Matthew Brennan.
De Mats Wenzel ass als 89. op 41 Sekonnen ukomm. Den Arthur Kluckers hat als 173. e Réckstand vu fënnef Minutten a fir den Alex Kirsch war et d'Plaz 182 op iwwer 16 Minutten. Am General sinn et fir d'Lëtzebuerger Wenzel, Kluckers a Kirsch d'Plaze 87, 170 an 182.