Vuelta: 11 EtappMatthew Brennan wënnt fir d'Drëtt, Enric Mas weider am Rouden Trikot

Tom Nols
Tom Flammang
Op der 11. Etapp goung et iwwer 153 gréisstendeels flaach Kilometer vu Cartagena op Lorca.
De Matthew Brennan huet sech am Sprint behaapt
De Matthew Brennan huet sech am Sprint behaapt
© JOSE JORDAN/AFP

Déi lescht 6 Kilometer war et en enke Parcours, gekréint vun enger 180-Grad-Kéier, manner wéi e Kilometer viru Schluss. Am leschte Sprint war de Matthew Brennan dee Séiersten. De Britt konnt sech géint de Bryan Coquard aus Frankräich an de Belsch Jordi Meeus duerchsetzen an huet esou seng drëtten Etappevictoire gefeiert. Seng Ekipp Visma Lease a Bike hat d'Kontroll iwwer d'Course an op deene leschte Meter krut de Brennan de Sprint optimal vu sengem Coequiper Wout van Aert preparéiert.

Den Arthur Kluckers huet sech als 148. klasséiert an hat e Retard vun 9 Minutten an 39 Sekonnen. Fir de Mats Wenzel war et déi 158. Plaz. Hien hat e Retard vun 10 Minutten an 33 Sekonnen.

Bei grousser Hëtzt hat sech ugangs eng Echappée vu 4 Coureure forméiert, déi vum Peloton zäitweis eng Avance vu ronn zwou Minutten zougestane krut. Wéi nach 90 Kilometer ze fuere waren, hat sech, bedéngt duerch de Wand, d'Feld a puer Deeler opgespléckt an et konnt sech en neie Spëtzegrupp mat 30-40 Leit forméieren. 32 Kilometer virum Enn war et den eenzege Biergpräis um Alto de Aledo, enger Kopp vun der drëtter Kategorie, deen de Wout van Aert sech séchere konnt.

Déi lescht 20 Kilometer ware gepräägt vun diverse Versich, sech an déi jeeweileg bescht Positioun ze brénge fir d'Arrivée. Och wann et iwwer de ganzen Dag ewech ëmmer nees déi eng oder aner Attack gouf, sou konnt sech awer keng Echappée definitiv vum Peloton ofsetzen. Et war d`Ekipp Visma Lease a Bike, déi ëmmer nees op den Tempo gedréckt huet. Den héijen Tempo am Peloton huet mat sech bruecht, datt op deene leschte Kilometer eng ganz Réi Coureuren hu misse lassloossen.

Um leschte Kilometer huet du schliisslech nach eng 180-Grad-Kéier gewaart. Keng vun den Attacken hat awer Succès, sou dass et zu engem grousse Sprint koum.


D'Resultater


D'Vuelta 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO