Critérium du Dauphiné - 5. EtappNächst Victoire fir Wout van Aert, Adam Yates bleift Leader

RTL Lëtzebuerg
Op der 5. Etapp vum Critérium du Dauphiné goung et iwwer 201 Kilometer vu Boën-sur-Lignon op Voiron.
Nächst Victoire fir Wout van Aert, Adam Yates bleift Leader
Op der 5. Etapp vum Critérium du Dauphiné goung et iwwer 201 Kilometer vu Boën-sur-Lignon op Voiron.

Hei konnt sech, wéi schonns e Mëttwoch, de Wout van Aert duerchsetzen. De jonke Belsch konnt sech am Sprint virum Sam Bennett aus Irland an dem Julian Alaphilippe aus Frankräich duerchsetzen. De 24 Joer ale Coureur vun der Ekipp Team Jumbo-Visma dréit och de grénge Maillot vum beschte Sprinter an de wäisse Maillot vum beschte Jonken op senger Schëlleren.

Am General läit nach ëmmer de Brit Adam Yates vir. De Coureur vu Mitchelton-Scott huet hei eng Avance vu 4 Sekonnen op de Belsch Dylan Teuns a 6 Sekonnen op den Tejay van Garderen. De Wout van Aert huet sech am General no vir op déi 5 Plaz verbessert an huet elo nëmmen nach 20 Sekonne Réckstand.

Klassement vun der Etapp

1 Wout Van Aert (Bel) Team Jumbo - Visma 5:00:34
2 Sam Bennett (Irl) Bora - Hansgrohe 0:00:00
3 Julian Alaphilippe (Fra) Deceuninck - Quick Step 0:00:00
4 Lorrenzo Manzin (Fra) Vital Concept - B&B Hotels 0:00:00
5 Clément Venturini (Fra) AG2R La Mondiale 0:00:00
6 Edvald Boasson Hagen (Nor) Team Dimension Data 0:00:00
7 Zdenek Štybar (Cze) Deceuninck - Quick Step 0:00:00
8 Sonny Colbrelli (Ita) Bahrain Merida 0:00:00
9 Philippe Gilbert (Bel) Deceuninck - Quick Step 0:00:00
10 Mads Würtz Schmidt (Den) Team Katusha Alpecin 0:00:00

General no der Etapp

1 Adam Yates (GBr) Mitchelton - Scott 17:28:00
2 Dylan Teuns (Bel) Bahrain Merida 0:00:04
3 Tejay Van Garderen (USA) EF Education First 0:00:06
4 Jakob Fuglsang (Den) Astana Pro Team 0:00:07
5 Wout Van Aert (Bel) Team Jumbo - Visma 0:00:20
6 Steven Kruijswijk (Ned) Team Jumbo - Visma 0:00:24
7 Thibaut Pinot (Fra) Groupama - FDJ 0:00:25
8 Emanuel Buchmann (GER) Bora - Hansgrohe 0:00:26
9 Alexey Lutsenko (Kaz) Astana Pro Team 0:00:30
10 Nairo Alexander Quintana Rojas (Col) Movistar Team 0:00:40

Back to Top
CIM LOGO