
Den Norweger Andreas Leknessund huet e Freideg déi 7. Etapp vun der Vuelta gewonnen. De Coureur aus de Ekipp Uno X huet sech um Fouss vum leschte Bierg op d'Arrivée erop aus engem klenge Spëtzegrupp ofgesat an hat uewenaus eng Avance vu 34 Sekonnen op säi Coequipier a Landsmann Tobias Johannessen. De Belsch Wout van Aert ass mat engem Retard vun 39 Sekonnen den 3. ginn.
De Mats Wenzel ass e Freideg eng gutt Course gefuer a war laang am éischte Verfollgergrupp. Um Enn ass hien als 18. iwwer d'Arrivée gefuer an hat e Retard vu véier Minutten a fënnef Sekonnen op de Vainqueur. Fir den Arthur Kluckers war et e Freideg déi 126. Plaz op 22 Minutten an 48 Sekonnen.
De Leader Pogacar gëtt den 19. a konnt senger direkter Konkurrenz nees e puer Sekonnen ofknäppen. Hie läit elo dräi Minutten a 50 Sekonne virum Enric Mas. De Mats Wenzel ass de 77. an den Arthur Kluckers den 167..
Fréi an der Etapp ass et mat den Attacke lassgaangen. Nodeems d'Echappée en Donneschdeg net duerchkomm war, konnt een dovunner ausgoen, datt d'Chancen e Freideg méi grouss wieren. Ee vun den Animateure war de Belsch Wout van Aert. Hie konnt sech zesumme mat e puer Coureuren ofsetzen an hannendrun huet sech eng Contre-Attack mam Mats Wenzel forméiert. Eng 40 Kilometer virun der Arrivée war den Ecart op de Grupp van Aert ronn eng Minutt an zéng Sekonnen. Op de leschten 30 Kilometer waren zwee Bierger ze fueren. D'Arrivée war uewenaus zu Aramón Valdelinares, um Sommet vun engem Bierg vun der éischter Kategorie. Hei ass et nach 9,8 Kilometer eropgaangen. De Mats Wenzel huet iwwer de Sommet vum zweetleschte Bierg am Verfollgergrupp misse lassloossen a klasséiert sech als 18. D'Entscheedung ëm d'Etappevictoire ass um Fouss vum leschte Bierg mat der Attack vum Leknessund gefall. Den Arthur Kluckers ass als 126. ukomm an hat e Retard vun 22 Minutten an 48 Sekonnen.