Nom Mats WenzelOch den Arthur Kluckers fiert déi éischte Kéier d'Vuelta

Tom Flammang
Vum 22. August bis den 13. September steet am Cyclissem mat der Vuelta den drëtte Grand-Tour um Programm.
Arthur Kluckers ass fir déi éischte Kéier bei der Vuelta mat dobäi
Fir de 26 Joer ale Lëtzebuerger ass et déi éischt Participatioun bei engem groussen Tour.

Et gëtt deemno eng weider Première fir e Lëtzebuerger Coureur. Fir den Arthur Kluckers ass et den éischte groussen Tuer vu senger Karriär. Eng Course iwwer dräi Wochen ass speziell an d'Temperaturen a Spuenien dierften dem Peloton, sou wéi dat am Tour de France schonn de Fall war, richteg zousetzen.

Arthur Kluckers - Tudor Pro Cycling Team: "Et ass sécherlech méi ee Biergfuerer-Parcours wéi soss. Et sinn, mengen ech, insgesamt 58.000 Héichtemeter, wat schonn relativ vill ass fir Grand Touren. D'Hëtzt wäert sécherlech eng Roll spillen. Vill vun der Vuelta spillt sech an Andalusien of. Dat heescht, et wäert waarm ginn."

Lass geet d’ Vuelta bekanntlech mat engem Zäitfueren an der Stroosse vu Monaco. Hei kritt de Lëtzebuerger Champion e Samschdeg direkt eng Chance, fir sech vu senger beschter Säit ze weisen.

Arthur Kluckers - Tudor Pro Cycling Team: "Op alle Fall, den 1. Dag geet lass mat engem Prolog zu Monaco, dee relativ technesch an explosiv ass. Dat heescht, ech hoffen, mer do schonn e Resultat ze fueren. Da geet et duerno zum Schluss vun der Vuelta an der drëtter Woch e méi laangt Zäitfueren, do muss een och kucken, wéi de Kierper da reagéiert, fir sou laang Zäitfueren ze fueren. Mee dat ass op alle Fall eppes, wou ech mech drop freeën, wou ech och gutt preparéiert hunn elo déi lescht Wochen a jo, da kucke mer, wat dobäi erauskënnt."

Tudor geet Spuenien net mat engem grousse Leader fir d’Generalklassement un den Depart. Vill méi wëll ee sech offensiv weisen an op den Etappen e Wuert mat schwätzen.

Arthur Kluckers - Tudor Pro Cycling Team: "D'Zil vun der Ekipp ass et, och eng Etapp ze gewannen. Dat wäert warscheinlech méi iwwer d'Echappéeë goen. Mäi Rôle wäert et sinn, och d'Leaderen oder d'Biergfuerer an d'Echappée ze begleeden oder ze hëllefen an d'Echappée ze kommen. An dann och selwer, wann dann eng Kéier eng Etapp do ass, déi villäicht e bësse manner schwéier ass, wou e bësse manner Bierg ass, och selwer an engem Grupp dran ze sinn an da probéieren, eng Course-Situatioun ze schafen, wou ech dann och meng Carte draus kann zéien."

De rout-wäiss-bloe Maillot vum Arthur Kluckers wäert iwwer déi nächst 3 Woche gutt am Peloton ze erkenne sinn. Mat e bësse Reussite bestëmmt och déi eng oder aner Kéier ganz wäit vir.

Nieft dem Arthur Kluckers an dem Mats Wenzel ass och den Alex Kirsch fir d'Vuelta confirméiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO