Vuelta: 12. EtappOmrzel wënnt en solitaire, Mas baut Féierung am General aus a Kluckers gëtt op

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet an der Vuelta eng Biergetapp op d'Coureure gewaart.
De Jakob Omrzel huet sech en solitaire duerchgesat
© JOSE JORDAN/AFP

Den 20 Joer ale Jakob Omrzel huet en Donneschdeg déi 12. Etapp vun der Vuelta gewonnen. De Sloween, dee virun der Etapp den 10. am General war, hat de Sprong an d'Echappée vum Dag gepackt an hat 12 Kilometer virun der Arrivée déi decisiv Attack gesat. No schwéieren 166 Kilometer tëscht Vera a Calar Alto huet sech den Omrzel mat enger Avance vun enger Minutt a 56 Sekonne virum Urko Berrade behaapt. Als Drëtten ass de Santiago Buitrago op zwou Minutten an 13 Sekonnen ukomm.

De Leader am General Enric Mas huet seng Avance weider ausgebaut. De Spuenier hat och an der leschter Montée vum Dag aus dem Grupp mat de Favoritten eraus attackéiert a konnt sengen direkte Konkurrente weider Zäit ofhuelen, sou datt hien elo eng Minutt a 45 Sekonne virum Primoz Roglic läit. Drëtten ass de Felix Gall op zwou Minutten a sechs Sekonnen. Den Omrzel huet sech duerch seng Leeschtung en Donneschdeg am General ëm véier Plaze verbessert an ass elo de 6..

Um Donneschdeg den Owend ass mam Mats Wenzel nëmmen nach ee Lëtzebuerger Coureur an der Vuelta mat dobäi. Hien ass op der 12. Etapp den 123. op 36 Minutten a 27 Sekonne ginn. Den Arthur Kluckers ass op der 12. Etapp vum Vëlo geklommen. Och den Alex Kirsch hat well opginn, dat aus gesondheetleche Grënn.



D'Vuelta 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO