Wat SaachenPeter Sagan gëtt Fan wärend Pyrenäenetapp een Autogramm

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems verschidde Leit an de Pyrenäen ellen hu misse kämpfen, huet de Mann am Grénge Maillot et méi gemittlech ugoe gelooss.
© twitter/mrconde

Den dräifache Weltmeeschter huet op der 15. Etapp tëscht Limoux a Foix nach Zäit fonnt, fir engem Fan een Autogramm op seng Biographie ze ginn. De Fan huet sech richteg driwwer gefreet a beim Slowak huet et ausgesinn, wéi wann hien dat all Dag géing maachen.

De Coureur vun der Ekipp Bora-hansgrohe ass jo bekannt dofir, dass hien ëmmer nees ganz speziell Konschtwierker op sengem Vëlo mécht.

Back to Top
CIM LOGO