Renewi Tour: 2. EtappPhilipsen iwwerhëlt mat Etappevictoire d'Féierung am General, Milan schwéier gefall

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg ass beim Renewi Tour déi 2. Etapp gefuer ginn. Mam Bob Jungels a Kevin Geniets sinn zwee Lëtzebuerger um Depart.
© DAVID PINTENS/Belga via AFP

En Donneschdeg huet sech op der 2. Etapp vum Renewi Tour an der Belsch de Jasper Philipsen d'Victoire geséchert. De Belsch huet sech no 173 flaache Kilometer tëscht Blankenberg an Ardooie am Sprint virum Britt Joshua Giddings an dem Norweger Sören Wärenskjold behaapt. De Philipsen ass elo och den neie Leader am General. De Jonathan Milan, deen als Leader an déi 2. Etapp gaange war, war 67 Kilometer virun der Arrivée gefall, huet sech um Aarm blesséiert an ass mat engem Retard vun e puer Minutten ukomm.

De Kevin Geniets ass am Peloton an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner ukomm. De Bob Jungels hat als 134. e Réckstand vu siwe Minutten a 50 Sekonnen.

Am General huet de Philipsen elo eng Avance vu véier Sekonnen op den Olav Kooij an den Dries de Bondt. Déi zwee Lëtzebuerger Geniets a Jungels leien op de Plaze 75 an 137.

E Freideg steet d'Kinneksetapp um Programm.

D'Resultat vun der Etapp

1 Philipsen Jasper Alpecin - Premier Tech 50 50 10″ 3:11:27
2 Giddings Joshua Lotto Intermarché 0:00
3 Wærenskjold Søren Uno-X Mobility ,,
4 Milan Matteo Groupama - FDJ United ,,
5 de Kleijn Arvid Tudor Pro Cycling Team ,,
6 Marit Arne Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
7 Eržen Žak Bahrain - Victorious ,,
8 Artz Huub Lotto Intermarché ,,
9 Bennett Sam Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team ,,
10 Merlier Tim Soudal Quick-Step ,,
...
77 Geniets Kevin Groupama - FDJ United 0:00
134 Jungels Bob Netcompany INEOS 7:50

De General

1 Philipsen Jasper Alpecin - Premier Tech 7:15:35
2 Kooij Olav Decathlon CMA CGM Team 0:04
3 De Bondt Dries Team Jayco AlUla ,,
4 Hermans Quinten Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team 0:05
5 Merlier Tim Soudal Quick-Step 0:06
6 Wærenskjold Søren Uno-X Mobility ,,
7 Teunissen Mike XDS Astana Team 0:07
8 De Lie Arnaud Lotto Intermarché ,,
9 Trentin Matteo Tudor Pro Cycling Team ,,
10 Kielich Timo Team Visma | Lease a Bike ,,
...
75 Geniets Kevin Groupama - FDJ United 0:10
137 Jungels Bob Netcompany INEOS 11:07

Back to Top
CIM LOGO