
Bei der 36. Editioun vun der "La Charly Gaul" gouf et e Sonndeg de Mëtteg e Succès fir de Lëtzebuerger Paul Breser. De Coureur aus der dätscher Continetal Ekipp Team Storck - MRW Bau war no 150 Kilometer op deene leschte Meter méi séier wéi déi zwee Belsch Jan Bakelandts an Aaron Dockx. Als bescht Fra ass d`Layla Barthels an de Stroosse vun Iechternach iwwer d'Arrivée gefuer. Hei waren d'Plazen 2 an 3 fir d'Gitte Bongaerts an d'Gwen Nothum.
Op der méi kuerzer Distanz vun 100 Kilometer konnt sech de Belsch Cyril Gustin duerchsetzen. Déi zwee Lëtzebuerger Nic Zeimet an Tim Diederich hu sech hannert dem Gustin als 2. an 3. klasséiert. Éischt Fra war hei déi däitsch Hannah Ludwig aus der Ekipp Cofidis. D'Belsch Ine Vanderhoydonks an d'Hollännerin Wies de Jong waren do hannendrun déi nächst déi iwwer d'Arrivée gefuer sinn.
D'Course "La Charly Gaul" stoung och am Zeeche vum 70. Gebuertsdag vun der Victoire am Giro (1956) vum Ange de la Montage. Bis nächste Freideg kann een zu Iechternach am Trifolion nach all Nomëtteg eng Ausstellung iwwer dësen Exploit vum Charly Gaul kucke goen.