
De Coureur vun Deceuninck-Quick-Step huet en Donneschdeg ee Video op sengem Instagram-Account verëffentlecht, wou hie mat Kretsche seng éischt Schrëtt zanter sengem Accident mécht.
Fréistens an 2 Méint kéint den Evenepoel erëm um Vëlo sëtzen, sou den Dokter vun Deceuninck-QuickStep Yvan Vanmol. Well de Broch net esou komplizéiert wier, kéint een eng gutt Prognos erwaarden. De Coureur misst déi nächst 6 Woche vill um Réck leie bleiwen an 2 Wochen drop kéint hien deemno wéi erëm Vëlo fueren, mat Zäite fir den Trainingscamp, deen am Dezember soll sinn.