
Am tschecheschen Tabor gouf e Sonndeg den éischten UCI-Weltcup vun der Saison 2025/26 gefuer. No zwee Joer Paus huet de Cyclocross-Weltcup nees an Tschechien Statioun gemaach. D’Lucinda Brand huet hir staark Form an dësem Hierscht eng weider Kéier ënner Beweis gestallt a konnt sech knapp géint Sara Casasola duerchsetzen. Fir déi 36 Joer al Hollännerin war et déi véiert Victoire zu Tabor, déi véiert Victoire hannerteneen a schonn déi aacht an dëser Saison. D’Inge Van der Heijden (+ 13 Sekonnen) huet de Podium komplettéiert. Mat der Leonie Bentveld an der Aniek Van Alphen ware véier Hollännerinnen ënner den Topp 5.
Um Circuit vun de Weltmeeschterschafte vun 2024 huet d’Marie Schreiber fréizäiteg mussen opginn. D’Lëtzebuerger Championne war ugeschloen an d’Course gaangen an huet no enger Chute missen opginn.
Beim leschte Weltcup zu Tabor am Joer 2022 war d’Schreiber op déi 10. Plaz gefuer. Et war deemools hir zweet Saison bei der Elite.
D’Liv Wenzel ass d’Course, déi duerch Wisen a Bësch laanscht de Floss Luznice geféiert huet, fäerdeg gefuer a koum um Enn op déi 43. Plaz (+ 4:50).
Bei den Häre konnt sech den Thibau Nys mat enger Avance vun 8 Sekonnen op säi belsche Landsmann Laurens Sweeck duerchsetzen. De Joris Nieuwenhuis (+ 10) huet sech virum Jente Michels (+ 12) déi drëtt Plaz gekroopt. De Lars Van der Haar gouf Siwenten a muss domat nach e bëssen op seng drëtt Victoire zu Tabor waarden.
Den nächste Weltcup steet an enger Woch zu Flamanville an der Normandie um Programm.
1 BRAND Lucinda 45:13
2 CASASOLA Sara 0:01
3 VAN DER HEIJDEN Inge 0:13
4 BENTVELD Leonie 0:25
5 VAN ALPHEN Aniek 0:30
...
43 WENZEL Liv 4:50
DNF SCHREIBER Marie