
De Simon Yates huet e Sonndeg op der leschter Etapp vu Paris-Nice, déi iwwer flaach 115 Kilometer vun Nice op Nice gaangen ass, nach eng Kéier versicht, den Ecart op de Primoz Roglic ze verkierzen. Dat ass him mat der Victoire en solitaire och gelongen, hie konnt dem Slowen awer net méi de giele Maillot enträissen.
De Yates hat bei schlechtem Wieder um Enn op der Arrivée eng Avance vun 9 Sekonnen op de Wout van Aert an de Primoz Roglic. Domadder gewënnt de Slowen déi 80. Editioun vu Paris-Nice mat 29 Sekonnen Avance op de Britt. Op Lëtzebuerger Säit koum den Alex Kirsch op der leschter Etapp als 20. an d’Zil. Am General ass et fir hien déi 22. Plaz op knapp 26 Minutten.
De Kevin Geniets hat e Samschdeg missen opginn. Nodeems virum Depart ee Plakat op hie gefall war.
1 YATES Simon Team BikeExchange - Jayco 2:52:59
2 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 0:09
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma ,,
4 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 1:44
5 KRAGH ANDERSEN Søren Team DSM ,,
6 KÜNG Stefan Groupama - FDJ ,,
7 PARET-PEINTRE Aurélien AG2R Citroën Team ,,
8 YATES Adam INEOS Grenadiers ,,
9 POELS Wout Bahrain - Victorious ,,
10 IZAGIRRE Ion Cofidis ,,
...
20 KIRSCH Alex Trek-Segafredo 6:34
1 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 29:19:15
2 YATES Simon Team BikeExchange - Jayco 0:29
3 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers 2:37
4 YATES Adam INEOS Grenadiers 3:29
5 QUINTANA Nairo Team Arkéa Samsic 3:43
6 HAIG Jack Bahrain - Victorious 3:51
7 IZAGIRRE Ion Cofidis 4:52
8 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0 5:43
9 MARTIN Guillaume Cofidis 5:48
10 PARET-PEINTRE Aurélien AG2R Citroën Team 6:32
...
22 KIRSCH Alex Trek-Segafredo 25:52