Zu ParäisTadej Pogacar a Pauline Ferrand-Prévot gewanne "Vélo d'Or"

Tom Nols
An der franséischer Haaptstad goufen déi beschte Proficycliste vun der Saison 2025 ausgezeechent. Am Ganze goufen 8 Präisser verginn.
© MARCO BERTORELLO/AFP

De Slowen Tadej Pogacar an d’Franséisin Pauline Ferrand-Prévot hunn dës Saison allebéid den Tour de France gewonnen. Si si jeeweils mat der Coupe vum “Vélo d’Or” als beschte Proficycliste vum Joer ausgezeechent ginn. Am Pavillon Gabriel op de Champs-Elysées sinn am Ganzen 8 Präisser verdeelt ginn.

Eng Partie Staren hu gefeelt um Freideg Owend, dorënner de Pogacar, dee sech am leschte Moment wéinst engem Virus ofgemellt hat. Hie krut och de Präis Eddy Merckx als beschte Coureur an de Klassiker vun der Saison. Bei de Frae goung déi Coupe un d’Hollännerin Lorena Wiebes.

De Kevin Vauquelin gouf mam Trophée Bernard Hinault als beschte franséische Cyclist vum Joer präméiert. Och hie konnt net un der Feier deelhuelen, well seng nei Ekipp Inoes dee selwechten Owend en Iessen hat. D’Trophée Jeannie Longo fir déi beschte Fra aus Frankräich goung un d’Pauline Ferrand-Prévot, déi och gefeelt huet.

De Vélo d’Or gëtt et zanter 1992 (2022 bei de Fraen). D’Gewënner gi gewielt vun engem internationale Jury, deen aus 40 Journaliste besteet, déi aus 25 verschiddene Länner kommen.

Back to Top
CIM LOGO